Home
Live
Programma's
Zoeken

radioplayer.org
  1. Home
  2. Live
Instellingen

Eldoradio
Déi lescht Concerten, déi coolst Eldoradio Eventer, déi lescht Specials
Now Playing Pause
Speelt nu af
Think Of Me
HUGEL, DAVID GUETTA, KEHLANI, DAECOLM
Think Of Me
Laatst afgespeelde nummers

Not Fair
LILY ALLEN
Not Fair
Babydoll
DOMINIC FIKE
Babydoll
Runaway
P!NK
Runaway
Dracula
TAME IMPALA
Dracula
Waterfalls
JAMES HYPE FEAT SAM HARPER, BOBBY HARVEY
Waterfalls
Waterfalls # Hook
JAMES HYPE FEAT SAM HARPER, BOBBY HARVEY
Waterfalls # Hook
Think About Us
SONNY FODERA, D.O.D & POPPY BASK
Think About Us
Lady (Hear Me Tonight)
OLIVER HELDENS
Lady (Hear Me Tonight)
Starboy (feat. Daft Punk)
THE WEEKND
Starboy (feat. Daft Punk)
Gerelateerde podcasts
Buvette - De Fussballpodcast
Buvette - De Fussballpodcast
Gamer Things
Gamer Things
Recentste afleveringen
Episod 210 - Wansinn
Episod 210 - Wansinn
An dëser Episod geet et nëmmen ëm déi wichteg Saachen: Rouspert, Rouspert, Rouspert a nach e puer aner Detailer. Wéi huet de Ben déi lescht Woch erlieft, wat ass et fir e Gefill a wat erwaart eis? Natierlech kucke ma dann awer och nach op de leschte Spilldag vun der BGL Ligue, der Éierepromotioun an deenen ënneschten Divisiounen. Ganz vill Detailer an dëser Episod vu Buvette.
Episod 123 - UFOS! Ah jo a Saros a Forza Horizon 6
Episod 123 - UFOS! Ah jo a Saros a Forza Horizon 6
Ongescript, onzenséiert an ongeplangt! D'Jonge vu Gamer Things schwätzen an der neitster Episod iwwer Ufoen. Iergendwann hunn si sech awer erëm drun erënnert wéi de Podcast eigentlech heescht an et gouf nees op Gaming-Theeme geswitcht. De Marc huet Saros duerchgespillt a gëtt säi Review. An de Mike iergert sech iwwert déi neitste Money-Tricks vu Microsoft bei Forza Horizon 6. Dat alles a villes méi, wéi gewinnt am Podcast Gamer Things.
Episod 209 - Deen Ochs huet keng Hand fräi
Episod 209 - Deen Ochs huet keng Hand fräi
De Ben an den Dylan kucken dës Kéier net nëmmen op de Fussball am Seniorsberäich, mee och op den Zuschauermagnéit schlecht hin: d’Coupe du Prince. Méi wéi 2.500 Spectateure bei de Junioren an nëmmen 800 am Spëtzematch vun der BGL Ligue, wouru läit et? Des Weidere kucken d'Jongen awer nach op den Op- an Ofstigskrimi an den eenzelnen Ligen an drécken all den Ekippen d’Daumen.
Episod 122 - SAROS ass do an AC BLACK FLAG kënnt zeréck!
Episod 122 - SAROS ass do an AC BLACK FLAG kënnt zeréck!
Saros ou Saros pas? De Rahul Kohli Simulator vun Housemarque ass endlech do an de Marc huet villäicht spicy Take zum Spill? Mir freeën eis all iwwert d'Annonce vun Assassins Creed Black Flag Resynced an dem Remake vum Franchise-Libling. Dat bréngt eis zu enger, mëttlerweil reegelméisseger Diskussioun ronderëm Ubisoft a seng Lamentéierungen. Alles dat an erstaunlech vill Filmdiskussiounen erwaart dech an dëser Episod vu Gamer Things.
Episod 208 - No der Coupe ass virun der Coupe
Episod 208 - No der Coupe ass virun der Coupe
Mir schwätzen erëm iwwert déi wichteg Saachen: BGL Ligue, Éierepromotioun, Coupe de Luxembourg an nach villes méi. Wien huet zu Kanech en neie Rekord opgestallt? Wie stoung an deene leschte Coupe-Finalen? Wat war zu Bartreng lass? An et ass nach esou vill méi am Lëtzebuerger Fussball geschitt. Méi Detailer ginn et wéi gewinnt an der neitster Episod vun der Buvette.
Episod 207 - Et gëtt gemunkelt
Episod 207 - Et gëtt gemunkelt
Mir sinn erëm fir dech do a kucke wat an der BGL Ligue, der Éierepromotioun, der 1. Divisioun an an de Reserve lass war! Menster léisst Punkte géint Izeg leien, Rouspert verléiert géint Déifferdeng an nach villes méi. Eng ganz schéi Geschicht gëtt et vun engem Match op der Grenz an der BGL Ligue z'erzielen, den Dylan schwäermt vun der klenger Buvette zu Uewerkuer a nach villes méi gëtt et an dëser Episod Buvette mam Titel "Et gëtt gemunkelt".
Episod 121 - CRIMSON DESERT a PRAGMATA... mir iesse gutt!
Episod 121 - CRIMSON DESERT a PRAGMATA... mir iesse gutt!
De Petz huet fir sech en neit Doheem a Crimson Desert geschaf a wëll do net méi fort. Kuerz huet e säi Wee dann awer bei eis fonnt fir ze schwäermen. Dann ass mat Pragmata och en neie Banger um Marché an de Mike huet sech dat da mol intensiv ugekuckt. A fir Battlefield 6 goufen et mol erëm eng Kéier keng sou schlecht Norichten, si hunn eng Roadmap presentéiert, déi de Marc ënnert d'Lupp geholl huet. Dat a villes méi an dëser Episod vu Gamer Things. Vill Spaass a good game!
Episod 206 - Bläifouss
Episod 206 - Bläifouss
De Benno gewënnt de Match am Ofstigskampf, Péiteng klappt Rodange, Käerjeng sammelt no laanger Zäit keng Punkten an et ass e verdammt grousst Lach an der Tabelle. U wiem läit dat? Wat ass an der Éierepromotioun lass gewiescht? Wat ass zu Menster geschitt a firwat muss den Dylan erëm op d’Bänk? Wien ass de Bläifouss zu Leideleng a kënns du och schonn sou lues a WM-Féiwer? Alles a nach méi an dëser Episod Buvette mam Titel Bläifouss.
Episod 205 - Wat ass dann nëmme lass?
Episod 205 - Wat ass dann nëmme lass?
No zwou Woche Paus ass d’Buvette erëm do. D’Batterien si no de Lännermatcher erëm opgetankt an et ass vill geschitt. Mir kucken op déi aktuell Tabellesituatioun an der BGL Ligue, der Éierepromotioun an awer och bei de Reserven. Natierlech kucke mir och op déi kommend Wochen, déi spannend ginn. Wie steigt op? Wie gëtt dann elo Meeschter? Wat kennt alles op eis zou? All dat a villes méi gëtt et an dëser Episod vu Buvette mam Titel 'Wat ass dann nëmme lass?'.
Episod 120 - Ass Crimson Desert gutt? Ass DLSS5 een AiSlop?
Episod 120 - Ass Crimson Desert gutt? Ass DLSS5 een AiSlop?
D'Jonge vu Gamer Things hunn dat laang erwaarte Crimson Desert gespillt a rätselen doriwwer, ob et dann esou gutt ass, wéi säi Ruff. Des Weideren hunn si sech d'Froe gestallt, wisou dann ëmmer méi Leit an der Gaming-Industrie endlos ginn an ob DLSS5 dann esou skandaléis ass, wéi jidderee seet. Wat denks du iwwert déi Saachen? A fënns du, dass den Hype ronderëm Crimson Desert berechtegt ass?