Zwielef Wierker aus der Mudam-Sammlung an zwielef Kantonen
Wat leeft? Do dréint der Kënschtlerin Su-Mei Tsé hier Klangskulptur, eng Aart Luuchte-Karussell, an der aler Kierch Saint-Laurent zu Dikrech hier Ronnen; fällt dem Michel Majerus säin Tableau “Halbzeit”, zum Thema hypermediatiséiert Konsumkultur, am Luxembourg Learning Centre um Belval op. Tja, esou ass dat, wann eng wichteg Kulturinstitutioun e ronnen 30. Gebuertsdag feiert: de Mudam deelt seng Bonbone mat der Bevëlkerung. Zwielef Wierker aus der Mudam-Sammlung si momentan duerch zwielef Kantonen “on tour”, sinn a lokale Muséeën, Administratiounen, Bibliothéiken, Kulturzentren ze gesinn. Ënnert anerem och e Leporello vun der Etel Adnan am nationale Literaturarchiv, wou dëse Freiden d’Aktioun “Dodeka” offiziell lancéiert gëtt. D’Kerstin Thalau ass vun der Bettina Steinbrügge, Directrice vum Mudam, méi gewuer ginn.