Home
Live
Podcasts
Suchen

radioplayer.org
  1. Home
  2. Live
Einstellungen

Opus 100,7
Klassesch anescht
Now Playing Pause
Jetzt spielt
Flüttequartett a Ré Majeur, K. 285
Raffaele Trevisani (Flute), Martin Kos (Violin), Karel Untermüller (Viola), David Havelík (Cello)
Flüttequartett a Ré Majeur, K. 285
Zuletzt gespielte Songs

Sonat fir Cello a Piano, Op. 40
Audun Sandvik (Cello), Sveinung Bjelland (Piano)
Sonat fir Cello a Piano, Op. 40
Zugehörige Podcasts
Klassik Aktuell
Klassik Aktuell
Nei Releasen
Nei Releasen
Die musikalische Hintertreppe
Die musikalische Hintertreppe
Sequenza: Black Classical Music
Sequenza: Black Classical Music
Klassik Album vun der Woch
Klassik Album vun der Woch
The Dora Journey
The Dora Journey
Hanner den Téin
Hanner den Téin
Verwandte Stationen
Opus 100,7
Radio 100,7
Neueste Podcasts-Folgen
Jidderengem de Bach méi no bréngen
Jidderengem de Bach méi no bréngen
De Bach ass deene meeschten e Begrëff, och wann ee sech net mat klassescher Musek auskennt. Hien ass wuel dee bekanntste Komponist aus der Zäit vum Barock an hien huet vill verschidde Wierker geschriwwen. Dorënner och ronn 300 Kantaten. Déi opzeféieren, ass d'Zil vum Ensembel fir al Musek Ad Libitum. Den 21. September steet den nächste Concert an där Serie um Programm an der Kierch zu Bartreng. Dat besonnescht: Et ass e Concert-Conférence, bei deem de Public ëmmer tëschent der Musek nei Informatiounen iwwer de Bach a seng Musek kritt. De Rosch Mirkes vun Ad Libitum verréit méi.
Orchester-Bibliothecaire an der Philharmonie
Orchester-Bibliothecaire an der Philharmonie
Beim Wuert Bibliothecaire denkt een normalerweis u Bicher a Bibliothéiken - mee et ginn awer och Orchester-Bibliothecairen - an dat och an der Philharmonie um Kierchbierg. Dat sinn d’Pauline Marmaï an d’Kalvine Antoine. Ee Groussdeel vun hirer Zäit verbrénge si an den Archiven mat alle Nouteblieder an der Philharmonie, mee si sinn och wärend de Concertsprouwen an deels wärend de Concerten dobäi. Firwat dat esou ass, ennert anerem dat verroden déi zwou Bibliothecairen am Reportage vum Marie Schockmel.
90. Gebuertsdag vum Arvo Pärt
90. Gebuertsdag vum Arvo Pärt
Haut, den 11. September, feiere mir den 90. Gebuertsdag vum Arvo Pärt. Hien ass ee vun de bedeitendste Komponiste vun eiser Zäit. De Pärt ass bekannt fir seng experimentell a gläichzäiteg markant roueg a spirituell Musek. Den opus 100,7 mat engem Réckbléck.
International Staren zu Diddeleng um FIMOD
International Staren zu Diddeleng um FIMOD
Zanter 2002 fënnt all Joer de Festival International de Musique d’Orgue de Dudelange statt. Dëst Joer kann een do nieft dem Diddelenger Titularorganist Alessandro Urbano och grouss International Stare wéi de Wayne Marshall, de Baptiste-Florian Marle-Ouvrard oder de Jean-Baptiste Robin lauschtere goen.Gläichzäiteg kann een do am Moment och déi zéngt Editioun vum Internationalen Uergel-Concours materliewen. D'Finall dovunner ass Freidesowes, den 12. September. De Jury stellt sech zesummen aus nationalen an international ganz bekannten Nimm.De President vum Festival Jean Eloi Olinger huet am Gespréich mam Carole Mallinger-Leyers méi iwwer de Programm vum Festival a vum Concours verroden.
Ravel a Pärt
Ravel a Pärt
Wéi kéint ee besser engem Komponist säi Gebuertsdag feieren, wéi mat engem Concert, deen him gewidmet ass? Genee dat ass dëse Summer de Fall, an net just fir ee Komponist, mee direkt fir zwee: de Maurice Ravel an den Arvo Pärt feieren allebéid e ronne Gebuertsdag.Fir dem Ravel seng 150 Joer gëtt et ee Concert ze héieren, dee fir den Ulass vum Internationale Pianofestival an der Provence gespillt gouf. De Philharmoneschen Orchester vun Nice huet e Programm gespillt, dee gefëllt mat Musek vum franséische Komponist war. Als Solist souz de Fransous Bertrand Chamayou um Fligel. Hien huet ënner anerem de Piano Concerto a Sol Majeur gespillt, mee och de faméise “Boléro” gouf et an der Provence ze héieren. Nach e bësse méi besonnesch ass de Concert fir den Arvo Pärt. Hien ass ee vun de wéinege weltwäit bekannte Komponisten, deen nach lieft, an domadder ass säin 90. Gebuertsdag en aussergewéinleche Moment fir déi klassesch Musek. Fir dëse Gebuertsdag huet den Estonian Philharmonic Chamber Choir e spirituelle Concert am Kader vum Fréijoers-Museksfestival zu Prag op d'Bee gesat. Als Solistinne waren d'Kadri Toomoja op der Uergel, an d'Annika Lohmus als Sopranistin ze héieren. Wéi ee vum Pärt gewinnt ass, stoung och dëse Programm ganz am Zeeche vum Glawen, der Rou an der spiritueller Déift.Ze lauschtere ginn et dës zwee Programmer an der Online-Mediathéik vum opus.
184. Gebuertsdag vum Antonín Dvořák
184. Gebuertsdag vum Antonín Dvořák
Datt ausgerechent en europäesche Komponist der klassescher Musek aus Amerika eng nei Identitéit soll ginn, ass bal e bësse paradox, an dach ass genee dat dem Dvořák gelongen. Den tschechesche Komponist ass an einfache Verhältnisser opgewuess a sollt eigentlech Metzler ginn, mee seng Léift fir d’Musek huet sech scho fréi gewisen. Esou fänkt hie schonn a jonkem Alter u mat Komponéieren. Säin Duerchbroch koum allerdéngs eréischt méi spéit, an dat duerch keen anere wéi de Johannes Brahms, deen him ënner d’Äerm gegraff huet. Esou gouf hien no ville Joren haarder Aarbecht endlech a ganz Europa bekannt. Duerno féiert säi Wee hien an d’USA, an zwar duerch eng Offer fir Direkter vum New Yorker Conservatoire ze ginn. Do kritt hien d’Missioun, der amerikanescher klassescher Musek eng nei Identitéit ze ginn. Firwat ausgerechent en Europäer dës Aufgab kritt? Dat läit um Dvořák senger Verbindung zu der folkloristescher Musek. Fir der amerikanescher Musek eng eege Stëmm ze ginn, wëllt den tschechesche Komponist op hir Wuerzelen zeréckgräifen, a stéisst dobäi op afroamerikanesch Spirituals. Dës Aflëss huet hie virun allem a senger 9. Sinfonie “Aus der Neier Welt” mat abruecht. Et zielt zu engem vu senge bekanntste Wierker an ass e wichtege Bäitrag zur amerikanescher Museksgeschicht. Besonnesch den zweete Saz, de Largo, erënnert mat senger melancholescher Melodie un ee Spiritual. An domat hat hie weltwäit Erfolleg. Mat sengem Bléck vu baussen an duerch seng Léift fir folkloristesch Melodien, huet den Dvořák der Musek aus den USA net just nei Dieren opgemaach, mee och e Fundament forméiert, op deem d’Amerikaner weider opbaue konnten. Méi dozou verréit d’Cindy Reuter.
158. Gebuertsdag vun der Amy Beach
158. Gebuertsdag vun der Amy Beach
D'Amy Beach ass déi éischt US-amerikanesch Fra, déi eng Sinfonie komponéiert. Um Enn vum 19. Joerhonnert war deen Domaine männlech gepräägt. D'Komponistin ass zu Boston opgewuess a war schonn als klengt Meedchen ee richtegt Wonnerkand. Net nëmmen um Piano an an der Musek, mee och allgemeng. Mat nëmmen dräi Joer huet si entscheet, liesen ze léieren. Hir Wierker ginn deemools international opgeféiert a grouss gefeiert. Ufanks huet si se nach ënner dem Numm vun hirem Mann publizéiert, mee no a no huet si awer hiren eegenen Numm benotzt. D'Maria Gutierrez verréit méi.
De Bruckner feiert 201. Gebuertsdag
De Bruckner feiert 201. Gebuertsdag
Den Anton Bruckner bleift als Meeschterwierker vun der klassescher Musek an Erënnerung, an dat obwuel hien zu senger Zäit net ëmmer seriö geholl ginn ass. Haut ass de Bruckner mat senge Sinfonien a reliéise Wierker bekannt, mee dat war awer net ëmmer sou. Réischt ganz spéit, am Alter vu 40 Joer, huet hien ugefaange mat komponéieren. Dat gouf awer mat vill Kritik an Zweifel begéint, mee hien huet sech dovun net ofhale gelooss.Trotz sengem schlechte Ruff a senge fréiere Joer, huet hien seng musekalesch Visioun weiderverfollegt. Seng Wierker stieche raus duerch dat Monumentaalt, d’Spiritualitéit an d’Komplexitéit. Domadden huet hie mat der Zäit un Unerkennung gewonn. Haut zielt hien zu de gréisste Sinfoniker, an dat obschonns sengem tragesche Liewen.Méi dozou verréit d’Marie Trussart.
Lëtzebuerger Ensembel spillt um Konz Musik Festival
Lëtzebuerger Ensembel spillt um Konz Musik Festival
D'Kammerata Luxembourg steet zanter 40 Joer fir d'Promouvéiere vun der Kammermusek. Dobäi ass et de Museker:inne besonnesch wichteg déi zäitgenëssesch Musek erëm méi an de Vierdergrond ze réckelen. Zanter hirer Grënnung hunn si zum Beispill 13 Wierker fir den Ensembel schreiwe gelooss, an dat vu Komponisten déi alleguer op déi eng oder aner Aart a Weis eng Verbindung mat Lëtzebuerg hunn. Mee net nëmmen hei am Land kann een e Concert vun der Kammerata lauschtere goen, si sinn nämlech och am Ausland aktiv. De leschte Sonnden 31. August huet d'Kammerata zum Saison-Optakt e Concert um Konz Musik Festival gespillt. Um Programm stoungen do Wierker vum Arnold Schönberg a vum Olivier Messiaen.D'Geiistin a Präsidentin Sandrine Cantoreggi an d'Pianistin Béatrice Rauchs hunn sech mam Carole Mallinger-Leyers iwwert dësen Optakt-Concert vun hirer 40ter Saison ënnerhalen.
For Piano ... or not?
For Piano ... or not?
"Pour Elise" vum Beethoven oder dem Chopin seng Nocturnë ginn dacks um Piano gespillt an och op Albumen opgeholl. Wéi ass et zum Beispill mam Tschaikowski sengem “Schwanensee”-Ballet oder dem Debussy senger “Prélude à l'après-midi d'un faune”? Déi Wierker goufen original fir aner Instrumenter komponéiert, mee et ginn awer ëmmer méi Transkriptiounen, déi d'Spillen um Piano erméiglechen. De Romain Nosbaum huet eng Passioun fir esou Wierker um Piano de Leit méi no ze bréngen. Dat ass och d'Zil vu sengem neisten Album "For Piano ... or not".De Lëtzebuerger Pianist verréit am Gespréich mam Marie Schockmel méi.